de
Lundi, 24.04.2017 — 19:00
Abbaye de Neumünster, 28, rue Münster, Luxembourg-Grund
Europe
Land, Brout, Fridden? D'Bedeitung vun der Russescher Revolutioun fir Lëtzebuerg
Ëffentlech Table ronde
Op Lëtzebuergesch
Reservéiert Är gratis Plazen op events@100komma7.lu

Den Honger huet d’Leit op d’Strooss gedriwwen, mee et goung ëm méi wéi ëm d’Kuuscht: Wéi a Russland d’Bäckereie gestiermt goufen, wéi déi kleng Leit hir Aarbecht niddergeluecht hunn an d’Arméi net méi bereet war, den Uerdere vum Zar ze follegen, war d’Zil och, engem erofgewirtschaften, absolutistesche Regime en Enn ze setzen. Wéi déi eng awer nach demokratesch Reforme wollten duerchzéien, hat fir déi aner schonn d’Stonn vum Proletariat geschloen: Russland war dat éischt Land, dat de kapitalistesche System radikal ofgeschaaft huet an e komplett neie Wee wollt goen.

D’Signaler vun der Revolutioun goufen och a Westeuropa gehéiert, si huet d’Hoffnunge vun der Aarbechterbeweegung op e bessere Wirtschaftssystem gestäerkt. Wéi waren d’Reaktiounen op d’Russesch Revolutioun zu Lëtzebuerg? Wéi hunn déi verschidden ideologesch Stréimunge sech dozou verhalen? Wéi eng Wierkung hat d’Revolutioun op d’Diskussioune ronderëm en neit Lëtzebuerg, dat nom Krich sollt entstoen? Doriwwer diskutéiere Fachleit aus der Lëtzebuerger Geschichtsfuerschung ënnert der Moderatioun vum radio 100,7 a woxx.


Invitéen:

Tun Jost, Member vun Déi Lénk, Publizist, fuerscht zur Escher Lokalgeschicht 

Dr. Stéphanie Kovacs, Historikerin vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik 

Dr. Frédéric Krier, Member vun der Geschäftsféirung vum OGBL, Historiker 

Aly Ruckert, Präsident vun der KPL, Parteihistoriker 

Dr. Denis Scuto, Ass.-Prof. am Zentrum fir Zeitgeschicht vun der Uni Lëtzebuerg 

Moderatioun: Claude Mangen (Radio 100,7), Renée Wagener (woxx)   


Diffusioun um Radio 100,7: Méindes, den 1. Mee um 10:04. Dir kennt d'Emissioun hei lauschteren. 


An engem éischte Gespréich huet d’Renée Wagener mat den zwee Historiker Ben Fayot an Henri Wehenkel doriwwer diskutéiert, wéi d’Reaktiounen zu Lëtzebuerg op déi éischt Signaler vun der Russescher Revolutioun waren. Dëst Radios-Gespréich kënnt Dir a senger integraler Versioun hei nolauschteren.


 

Terre, pain, paix ?

La portée de la Révolution russe pour le Luxembourg

Table ronde

Lundi, 24 avril 2017 à 19h

Abbaye de Neumünster

En luxembourgeois

Entrée libre; inscriptions via events@100komma7.lu

Ce n’est pas uniquement la faim qui provoqua les manifestations en Russie en 1917. La volonté de mettre fin à un régime absolutiste, déjà en train de s’écrouler, était le véritable objectif  des ruées dans les boulangeries, des personnes qui cessaient de travailler et de l’armée qui n’obéissait plus aux ordres du tsar.  Pendant que les uns pensaient entreprendre des réformes démocratiques, les autres entrevoyaient déjà la fin du prolétariat. La Russie est le premier pays à abolir le système capitaliste et à s’engager dans une toute nouvelle voie. L’Europe de l’ouest porte encore aujourd’hui les traces de cette Révolution du monde ouvrier, qui espérait une amélioration du système économique.

Quelles ont été les réactions luxembourgeoises aux événements de Russie ? Quel a été l’enjeu des différentes idéologies ? Quelle a été l'influence de la Révolution russe sur la discussion autour du nouveau Luxembourg, qui se reconstruisait après-guerre ?

Ces questions seront discutées par des historiens luxembourgeois lors de la table ronde, animée par des journalistes de Radio 100,7 et du Woxx.

Le débat a été diffusé sur Radio 100,7 le 1er mai à 10h04. Vous pouvez écouter le débat ici. Organisé par Radio 100,7, WOXX et l'Institut Pierre Werner

Organiséiert vum Radio 100,7, WOXX an dem Institut Pierre Werner. | Organisé par Radio 100,7, WOXX et l’Institut Pierre Werner.