24.04.2017 um 19 Uhr
Abtei Neumünster, 28, rue Münster, Luxemburg-Grund

Land, Brout, Fridden? D’Bedeitung vun der Russescher Revolutioun fir Lëtzebuerg

Land, Brout, Fridden? D’Bedeitung vun der Russescher Revolutioun fir Lëtzebuerg

Land, Brout, Fridden?

D’Bedeitung vun der Russescher Revolutioun fir Lëtzebuerg

Ëffentlech Table ronde

Méindeg, de 24.4. um 19 Auer

Abtei Neimënster

Op Lëtzebuergesch

Reservéiert Är gratis Plazen op events@100komma7.lu

Den Honger huet d’Leit op d’Strooss gedriwwen, mee et goung ëm méi wéi ëm d’Kuuscht: Wéi a Russland d’Bäckereie gestiermt goufen, wéi déi kleng Leit hir Aarbecht niddergeluecht hunn an d’Arméi net méi bereet war, den Uerdere vum Zar ze follegen, war d’Zil och, engem erofgewirtschaften, absolutistesche Regime en Enn ze setzen. Wéi déi eng awer nach demokratesch Reforme wollten duerchzéien, hat fir déi aner schonn d’Stonn vum Proletariat geschloen: Russland war dat éischt Land, dat de kapitalistesche System radikal ofgeschaaft huet an e komplett neie Wee wollt goen.

D’Signaler vun der Revolutioun goufen och a Westeuropa gehéiert, si huet d’Hoffnunge vun der Aarbechterbeweegung op e bessere Wirtschaftssystem gestäerkt. Wéi waren d’Reaktiounen op d’Russesch Revolutioun zu Lëtzebuerg? Wéi hunn déi verschidden ideologesch Stréimunge sech dozou verhalen? Wéi eng Wierkung hat d’Revolutioun op d’Diskussioune ronderëm en neit Lëtzebuerg, dat nom Krich sollt entstoen? Doriwwer diskutéiere Fachleit aus der Lëtzebuerger Geschichtsfuerschung ënnert der Moderatioun vum radio 100,7 a woxx.

Invitéen:

Tun Jost, Member vun Déi Lénk, Publizist, fuerscht zur Escher Lokalgeschicht

Dr. Stéphanie Kovacs, Historikerin vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik

Dr. Frédéric Krier, Member vun der Geschäftsféirung vum OGBL, Historiker

Aly Ruckert, Präsident vun der KPL, Parteihistoriker

Dr. Denis Scuto, Ass.-Prof. am Zentrum fir Zeitgeschicht vun der Uni Lëtzebuerg

Moderatioun: Claude Mangen (Radio 100,7), Renée Wagener (woxx)

 

Diffusioun um Radio 100,7: Méindes, den 1. Mee um 10:04. Dir kennt d’Emissioun hei lauschteren.

Organiséiert vum Radio 100,7, WOXX an dem Institut Pierre Werner

 

An engem éischte Gespréich huet d’Renée Wagener mat den zwee Historiker Ben Fayot an Henri Wehenkel doriwwer diskutéiert, wéi d’Reaktiounen zu Lëtzebuerg op déi éischt Signaler vun der Russescher Revolutioun waren. Dëst Radios-Gespréich kënnt Dir a senger integraler Versioun hei nolauschteren.


 

Land, Brot, Frieden?

Die Bedeutung der Russischen Revolution für Luxemburg

Podiumsdiskussion

Montag, 24. April 2017 um 19 Uhr

Abtei Neumünster

Auf Luxemburgisch

Eintritt frei; Anmeldung unter events@100komma7.lu

Der Hunger trieb die Menschen auf die Straßen, aber es ging eigentlich um viel mehr: Als in Russland Bäckereien gestürmt wurden, die kleinen Leute ihre Arbeit niederlegten und die Armee sich den Befehlen des Zaren widersetzte, bestand das erklärte Ziel darin, einem zusammenbrechenden, absolutistischen Regime ein Ende zu setzen. Während die einen noch planten, demokratische Reformen durchzuführen, hatte für andere die Stunde des Proletariats geschlagen: Russland war das erste Land, welches das kapitalistische System radikal abschaffte und einen völlig neuen Weg gehen wollte.

Die Signale der Revolution wurden auch in Westeuropa gehört – sie ließen die Hoffnung der Arbeiterbewegung, das Wirtschaftssystem möge sich bessern, erstarken.

Wie sahen die Reaktionen auf die Russische Revolution in Luxemburg aus? Was wurde aus den einzelnen ideologischen Strömungen? Welche Wirkung hatte die Revolution auf die Diskussion um die Entwicklung des neuen Luxemburgs, das nach dem Krieg entstehen sollte? Darüber unterhalten sich Experten der Luxemburger Geschichtsforschung, moderiert von Radio 100,7 und WOXX.

Die Veranstaltung wurde am Montag, 1. Mai um 10:04 Uhr im Radio 100,7 übertragen. Die Sendung zum Nachhören finden Sie hier.

Organisiert von Radio 100,7, WOXX und Institut Pierre Werner

français - kontakt - impressum